NEWSLETTER 28.09.2023
Léiw Memberen,
Éier mir zu de gudden Nouvellë kommen, erlabe mer eis als éischt op déi nei Rolleverdeelung am Comité anzegoen déi mir an eisem éischte Comité ënnert der Leedung vum neie Gewerkschaftspresident, Steve Brickler, beschloss hunn.
Duerch d’Wal vum neie President ass de Sekretärsposte fräi ginn,deen den Daniel Cruz elo bekleet. Doduerch war de Poste vum Vizepresident net méi besat. De Jean-Claude Peffer huet sech dëser Tâche ugeholl; natierlech mam volle Vertraue vum Comité. Schlussendlech ass domat dann och de Poste vum Sekretär Adjoint fräi ginn deen duerch den David De Jesus assuréiert gëtt.
D’Kompositioun vum Conseil d’administration vun der Douanesgewerkschaft gesäit elo folgendermoossen aus:
Steve Brickler- President Jean-Claude Peffer - Vizepresident Daniel Cruz – Sekretär David De Jesus –Sekretär adjoint Steve Keipes - Trésorier, President AGC Gilles Hutmacher - Trésorier adjoint Lynn Luciani – Member, Déléguée à l’égalité, Trésorière adjointe AGC Claude Feltus – Member, Admin Internetsite François Sereni - Member Marc Schmit - Member Mike Meurisse - Member Daniel Hourscht - cooptéierte Member * Déi éischt Supplemente vun de retroaktiven Iwwerstonnen (2017-2021) sinn endlech ausbezuelt ginn. Dësen Dossier hat e grousse finanziellen Impakt fir di concernéiert Leit. Mir si frou dass d’Juriste vum Ministère de la Fonction publique sech an dësem Dossier kloer ausgeschwat hunn, soudass d’Douanesgewerkschaft an engem weideren Dossier Recht kritt
huet. D‘Fuerderung, réckwierkend Supplemente vu geleeschten Iwwerstonnen ausbezuelt ze kréie war also net einfach esou aus de Loft gegraff. Mir wëssen dass d‘Periode vun 2017-2021 fir vill vun iech just engem Deel vun ären Iwwerstonne Rechnung dréit. Mir sinn an eise Beméiungen awer op den Artikel 2277 vum Code civil verwise ginn deen an dësem Fall just 3 Joer virgesäit. Wann ee bedenkt dass déi Stonnen ni hätten dierfe prestéiert ginn, well keng Autorisatioun dofir existéiert huet an dowéinst kee Budget dofir virgesi war, denke mer dass een domat liewe kann d’Periode vun 2017-2021 kompenséiert ze kréien. Leider si virun eiser Zäit keng konkret Schrëtt gemaach gi fir dëse bedauerleche Verzuch mat Zäiten ze verhënneren. Dir hutt gemierkt dass säitdeem d’Iwwerstonnen an d‘Supplemente kloer an de Notte vun der Direktioun definéiert sinn, soudass esou eppes net méi ka virkommen. Parallel hu mer gläichzäiteg e weideren Dossier opgemaach wat an de Kader vun den Iwwerstonne fält. Dëst Joer, fir Nationalfeierdag, ware beim Detachement fir d’Parade eng Partie Beamten aus dem Horaire mobile den 23.06 present. Scho lescht Joer hu mir d’Direktioun drop opmierksam gemaach dass d’Aarbechtszäit vun engem Beamten aus dem Horaire mobile, deen Nationalfeierdag schafft, als Iwwerstonnen ze consideréiere sinn. Eng Meenung déi d’Direktioun net gedeelt huet. No Récksprooch mam Service juridique vum Ministère de la Fonction publique, ass eise Point de vue erëm bestätegt gi soudass mir de Finanzministère kontaktéiert hunn deen Ugangs der selwechter Meenung war wéi d’Direktioun. Mir hunn awer net noginn an de Finanzministère huet sech du mat de Juriste vum Ministère de la Fonction publique ausgetosch. Schlussendlech gouf d’Decisioun getraff, réckwierkend d’Aarbechtszäit um 23. Juni als Iwwerstonnen ze consideréieren. An dësem Fall gouf et och keng Autorisatioun fir previsibel Iwwerstonnen ze prestéieren. Soubal déi awer ausgestallt ass, wäert d’Direktioun déi concernéiert Leit opfuerderen de respektive Formulaire auszefëllen. Konkret bedeit dat, dass déi concernéiert Leit, nieft hiren 8 Stonnen Aarbechtszäit um Solde journalier an de congé de compensation, zousätzlech 8 Iwwerstonnen op de CET kréie mussen. Vue dass déi Iwwerstonnen op engem „Jour férié légal“ geschafft gi sinn, falen ausserdeem 70% Supplementen un. 2022 hu mir schonn d’Direktioun dorop opmierksam gemaach dass et doduerch eng Inégalité de traitement gëtt tëscht dem Horaire mobile an dem Schichtdéngscht. De facto, ass d’Aarbechtszäit um 23. Juni méi favorabel fir d’Leit aus dem Horaire mobile well et sech integral ëm Iwwerstonnen handelt, am Schichtdéngscht handelt et sech em eng normal Schicht, egal ob se wärend engem Feierdag stattfënnt.
Bezüglech de PDL 8040 (Harmonisatioun vun den ënneschte Karriären) hu mer weiderhi keng Neiegkeeten. Mir waarden nach ëmmer op den Avis vum Staatsrot fir dass de Projet avancéiere kann. Wéi et am Gesetzesprojet erkläert ass, gëtt dës Reform awer réckwierkend op den 1. Juli 2022 applizéiert.
De Comité
|